Programmer

Hues du jeemools geduecht dass kleng Gesten d’ Welt änneren kennen? Wat hues du als Scout fir Méiglechkeeten d’ Welt besser ze gestallten?

Weess du, dass mir als Scouten ronderëm d’ Welt zesummen fir den Fridden an un enger verbesserter Natur an Ëmwelt (lokal a global) schaffe kennen?

D’Weltverband WOSM huet doriwwer verschidden Programmer fir eis Scouten erausbruecht. Déi sinn an engems och eng international Unerkennung fir deng Aarbecht am Beräich vu Fridden, Ëmwelt, Natur oder Developpement Communautaire.

Du bass interesséiert? Dann klick ënnendrënner fir méi Infoen:

 Scout of the World Award – SWA

 World Scout Environment Programme – WSEP

Du wells op Weltniveau matschwätzen an een Impakt hun, als jonke Scout wäertvoll International Erfarungen erliwen? Dann ass den neien Programm, deen d’International Ekipp ausegeschafft huet, daat richtegt fir dech. Kuck héi fir méi Infoen:

 Young Delegate Programme