Opportunitéiten

Intro:

D’Scouten sinn deen gréissten Jugendmouvement vun der Welt: 50 Milliounen Meedercher a Jongen, Jugendlecher a jonk Erwuessener.

Et ginn Scouten a bal all Land an sinn op der ganzer Welt duerch den Foulard, d’Uniform an d’offiziell Weltbadger ze erkennen. D’ LGS sinn Membere bei deenen zwee Weltverbänn WOSM (World Organization of the Scout Movement) a WAGGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts).

Méi infoen iwwer d’Weltverbänn an aaner Organisatiounen fënns du an eiser rubrik “Interessant links“.

Wat kann een International alles maachen?

  • Du kanns eppes bewierken, mach mat un den SDGs, 17 Ziler fir eng besser Welt!;
  • Mat denger Patrull/Grupp op International Camps matgoen;
  • Eng international Aktivitéit plangen an engem vun den Weltzenteren;
  • Sief deen deen en Ënnerscheed mécht, entdeckt all d’Méiglechkeeten fir Benevolat am Ausland ze maachen;
  • D’Chance hunn een Welt Scout Jamboree als Participant/Staff ze erliewen;
  • Sief een EraScout während dengen Studien oder denger Aarbecht am Ausland;
  • Als RaRo, op eng Europäesch AGORA matgoen;
  • Den Gebuertsdag vum BiPi feieren duerch den World Thinking Day;
  • Mat Scouten aus der ganzer Welt kommunizéieren während dem JOTA-JOTI;
  • Sech am Fridden weider entwéckelen, duerch d’ Friddensliicht;
  • Den 1. August däin Foulard undoen fir den World Scout Scarf Day;
  • Sief och du een Young Delegate: “d’jonk Stëmm aus Lëtzebuerg”, a rees mat op International Konferenzen, Workshops, fir mat Leit aus aaneren Länner auszetauschen;
  • En SWA– oder WSEP Projet starten, an eng international Unerkennung kréien fir deng Aarbecht am Beräich vu Fridden, Ëmwelt, Natur oder Developpement Communautaire;
  • a villes villes méi 😀