SDGs – 17 Ziler fir eng besser Welt!

Wat sinn d’SDGs?

Déi 17 Sustainable Development Goals (kuerz SDGs), déi vun der internationaler Gemeinschaft am Joer 2015 adoptéiert goufen, bilden den nohaltegen Entwécklungsprogramm vun der UNO (United Nations – vereenegt Natiounen) oder och nach Agenda 2030 genannt. Weider Infoen iwwert Wichtegkeet vun dësen Ziler fënns du op World’s Largest Lesson.

“TRY TO LEAVE THE WORLD A LITTLE BETTER THAN YOU FOUND IT” *Baden-Powell

Domat huet den BiPi eis all opgefuerdert, all Dag eppes Guddes ze maachen, Fridden an der Welt ze fuerderen an eist Liewen um Planéit méi nohalteg ze gestalten. Mir maachen dëst als Scouten sécherlech onbewosst an eisem Alldag, all Woch an eise Reuniounen, mee och mat Projeten, déi iwwert déi Alldagsaktivitéiten eraus ginn.

D’UNO huet am Joer 2015 déi 17 wichtegst Ziler fir eng Verbesserung vun eiser Welt bis 2030 publizéiert an un deenen SDGs schaffe mir alleguerten all Moment als Scout, ouni eis et bewosst ze sinn. Dëss Ziler vun der UNO sinn och eng vun den zentralen Achsen, déi beim Projet Zesumme Wuessen sollen ëmgesat ginn, fir esou de Scoutismus nach méi visibel a kloer mat de weltwäiten, nohaltegen Ziler ze vernetzen. 50 Millioune Guiden a Scouten weltwäit kënnen zesummen eppes bewierken! Maacht och du mat!

Lëscht vun Aktivitéiten:

  • 17 Deeg 17 SDGs – Home Challenge

Mir alleguer sinn eng grouss Famill déi weltwäit iwwer 50 Milliounen Member huet. Lo stellt iech mol nëmmen fir wat sou vill Léit zesummen kënnen erreechen.Et sinn op der ganzer Welt schonn Gruppen wou sech domat auserneen setzen an Projeten dozou ausschaffen. Hei sinn elo 17 kléng Homechhallengen fir dës Ziler mol kënnen ze léieren. Den Dokument ass vun eiser Ekipp preparéiert gi an ass och op Lëtzebuergesch.

Maacht Fotoen a post se mam #Scouts4SDGs an #17days17sdgs: Homechallenges 17 Deeg – LU

  • Go-Goals! – Gänsespill #SDGGame

D’Zil vun dësem interaktiven Spill ass et de Scouten ze hëllefen dës Objektiver besser ze kennen. Du kanns den Spill op go-goals.org a vill verschidden sproochen erooflueden : #SDGGame – FR  #SDGGame – DE   #SDGGame – PT

  • Mission 1.5° – Online Game

E coolen online Spill iwwer d’SDGs: Online spillen

  • 17 Ziele für nachhaltige Entwicklung – Methodenset

Hei den Challenge-Katalog vum eis Scoutsbridder aus dem däitsche Verband VCP: Methodenset – DE

  • Eisen Planeit an dei 17 Ziler – Comic

E flotten Comic iwwer d’Global Ziler fir eng Nohalteg Entwécklung: Comic – DE  Comic – LU

  • Kit pour Animateurs – Activity Pack

Dëse Kit vum Belsche Scoutsverband (Les Scouts) soll all Cheffen hëllefen, hier Roll ze verstoen, déi se an der Gesellschaft spille kënnen a wéi d’Scout Wäerter e ganz staarke Pilier fir e nohaltege Liewen sinn:  Kit fir Cheffen – FR

Weider interessant fäerdeg Ideen fir aktivitéiten hun d’Belsch och direkt op hierem Site. Klickt op d’Ikoner vun den Ziler fir méi gewuer ze ginn : Ideen fir Aktivitéiten – FR

  • 17 Activities for 17 Goals – Activity Pack

D’Scouten aus Schottland huet een flotten Aktivitéiten a Ressourcen Pack kreéiert, fir Cheffen a jonker déi d’SDGs entdecken. Activity Pack eroflueden – EN

  • #YouNeedToKnow – 170 daily actions to transform our world

Entdeckt mat dëser Ressource 170 deeglech Aktiounen déi Dir maache kënnt fir un de 17 Global Ziler ze hëllefen:  170 Actions – FR    170 Actions – DE

  • Spiller an Apps fir den Smartphone

  • Fir Noriichten ze kréien, méi gewuer ze ginn iwwer Projekter:  SDGs in Action
  • Fir jonk Leit iwwerall op der Welt ze verbannen op eng interaktiv Manéier:  TheGoals.org
  • Spill vun den Spuenesche Scouten (ASDE) fir ären Wësse ze testen:  Videogame: Rockhopper – ES
  • Scouts for SDGs – Platform vu WOSM

All Guiden a Scouten kennen op der Internetsäit: https://sdgs.scout.org seng kleng BAen aus dem Alldag oder Scoutsliewen publizéiere fir zesummen eisen Deel bei där gréisster, koordinéierter Jugendcontributioun zu den SDGs ze weisen. De Plang ass, fir 2 Millioune lokal Projeten an 3 Milliarde Stonnen zesumme fir eng besser Welt ze schaffen. Mir sinn elo, bei ongeféier 1,5 Milliarden Aarbechtsstonnen an mir, als LGS kréien mir do sécherlech nach vill Stonnen zesummen!

Dofir drot är Projeten op der Plattform an a sidd en Deel vun enger enormer #Scouts4SDGs Beweegung an gitt en Deel vun den Haaptakteuren bei der Realisatioun vun dësen esou wichtegen Ziler.

Maach mat op Scouts4SDGs

Aaner Interessant Ressourcen:

Hei drënner e puer weider interessant Ressourcen iwwert den Thema SDGs hei zu Lëtzebuerg:


  • Si vous voulez vous renseigner sur la législation et le plan du développement durable au Luxembourg élaboré par le gouvernement: www.emwelt.lu
  • Si vous êtes enseignant, profitez des offres pédagogiques pour le développement durable, avec du matériel et des partenaires externes: www.bne.lu
  • Pour les entreprises, les institutions, les municipalités et les écoles, enregistrez tous vos projets pour un développement durable et  inspirez-vous mutuellement: www.aktioun-nohaltegkeet.lu
  • En tant que citoyen, pour vous engager pour le développement durable au quotidien, inspirez-vous auprès d’actions et initiatives concrètes  au Luxembourg: www.bne.lu/tipps
  • Pour vous informer sur les avis et du Nohaltegkeetsrot (Conseil supérieur pour le Développement Durable): www.csdd.lu