Scout Scarf Day

Intro

Den „Scout Scarf Day“ ass all Joer den 1. August.

Deen Datum gouf gewielt, well am Joer 1907  deen éischten Scoutscamp op der Insel vu Brownsea (UK) mam Baden-Powell an sengen véier Patrullen gemaach gouf.

D’ Iddi vum “Scout Scarf Day” ass, dass den 1. August all aktiv an aal Scouten hiren Foulard undinn, sief et während der Schoul, Aarbecht oder Vakanz. Dëst ass fir den ‘Scoutspirit’ an der Ëffentlechkeet ze weisen: eemol Scout, ëmmer Scout!

Natierlech sinn eis Foulards ee staarkt Symbol vun eiser Identitéit, eisen Valeuren, eisem Scoutsverspriechen an eiser Missioun, fir d’Welt e bësse besser ze verloosse wéi mer se fonnt hunn.

Fir ären Foulard weltwäit ze deelen, kënnt dir eng Foto maachen an op Facebook oder Instagram deelen mat:

#WorldScarfDay #ScoutScarfDay #ScoutScarfDayLuxembourg

Méi Infoen doriwwer fënnt dir op den Site www.scoutscarfday.com an op Facebook.