Friddensliicht

Intro

D’ Friddensliicht aus Betlehem ass e kathoulescht Scouts Event dat all Joer an der Adventszäit ass.

Scouten aus verschiddene Länner aus Europa an aner Kontinente verdeelen d’ Liicht vum Fridden, dat all Joer vun engem éisträichesche Jong oder Meedchen bruecht gëtt. Dësen Jong/Meedchen flitt mat enger Delegatioun op Betlehem, fir d’Liicht bei d’ Grott wou den Jesus gebuer ass ze bréngen.

D’ international Verdeelung vum Liicht vum Fridden mat all den Delegatiounen gëtt dann zu Wien gemaach. Duerno geet d’ Liicht un d’ Delegatiounen vun de verschiddenen Länner weider mat enger Botschaft vum Fridden, Léift an der Hoffnung.

Op nationalem Niveau gëtt dann och all Joer eng Friddensliichtfeier organiséiert fir och hei d’ Liicht ze verdeelen. Dësen Event gëtt organiséiert vu eiser Spiri-Ekipp. Weider Detailer fënns du op hirer Spiri-Sait.

Dëst ass eng flott Geleeënheet fir eis Scouten fir sech am Fridden weider ze entwéckelen an hier Participatioun ze encouragéieren.