Jota-Joti

Allgemeng Informatiounen iwwer JOTA an JOTI

Den Jota-Joti ass een offiziellen Event vu WOSM an ass och deen gréisste Jamboree op der Welt.

Beim JOTA (Jamboree On The Air) geet et drëm fir iwwert Funk mat aneren Scouten a Kontakt ze trieden. Heifir gi verschidden Antennen an Funkgeräter mat Hëllef vun engem Amateurfunker opgeriicht a benotzt. Esou kann een sech ob regionaler an internationaler Héicht mat anere Leit austauschen. Deen éischte JOTA war am Joer 1958.
Beim JOTI (Jamboree On The Internet) gëtt mat Hëllef vum Internet kommunizéiert. Heifir gi Computeren opgestallt wou d’Guiden & Scouten sech iwwert scouts-geschützten Methoden kenne austauschen. Den JOTI gëtt et zanter 1996.

Dausende vu Scouten aus der ganzer Welt treffen sech all Joers den 3. Weekend vum Oktober fir zesummen iwwer Internet oder Funk ze kommunizéieren.

De JOTA-JOTI ass ee Weekend deen all Joers vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) duerchgefouert gëtt an ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat ronn 500.000 anere Scouten ronderëm d’Welt a Kontakt ze kommen.

Wann Dir Interessi fir den JOTA-JOTI huet, da visitéiert d’Säit vum JOTA-JOTI Lëtzebuerg, respektiv d’Weltsäit vum JOTA-JOTI, fir weider Infoen iwwert dësen Weltevent.

Se sinn och op Facebook an Youtube ze fannen, ënnert dem Numm “Scouting in Luxembourg Aarbechtsgrupp – Alexander Graham Bell”