World Thinking Day / Scout Founders’ Day

Intro:

Den „World Thinking Day“ an den „Scout Founders’ Day“, ass all Joers den 22. Februar.

WAGGGS an WOSM hunn deen Datum gewielt well et de Gebuertsdag vum Robert Baden-Powell a vun Olave Baden-Powell war.

Deen Dag feieren mir, alles firwat d’ Scouten an der ganzer Welt stinn – Spaass, Frëndschaft, Fäegkeeten, Solidaritéit, International Bridderlechkeet, Positiv Attitüden déi eis Gemeinschaften an eis Welt änneren.

Säit 1926 gëtt dësen Event op der ganzer Welt gefeiert. All Joer steet deen Dag ënnert engem aneren Thema.

Wei kann ech deelhuelen:

  • Postkaartenaktioun – Mol, bastel oder gestalt mat dengem Grupp Postkaarte mam Thema Frëndschaft, Verbonnenheet a Solidaritéit. Bis Enn Januar solls du dech bei www.thinkingday.de umellen, fir dass du deng Kontaktpersoun matgedeelt kriss, un déi deng Kaart geschéckt soll ginn. Dono kriss och du eng Postkaart vun engem Scout aus der Welt geschéckt. Fir dass all Kaarte fortgeschéckt ginn an och ukommen, wär et gutt, wann ee vun denge Cheffen sech dorëms géif këmmeren.
  • Nationalen Event – All Joers probéiert d’ International Ekipp een Event/Challenge mat flotten Aktivitéiten zum respektiven Thema ze organiséieren (Check eisen Agenda). Du kriss hei och een speziellen Badge zum Thema vum Thinking Day.
  • Lokalen Event – An dengem Grupp kanns du en net Scoutsgrupp alueden a Spiller zum Thema maachen, check den WTD Activity Pack vu WAGGGS fir cool Idden ze kréien. Och hei kanns du ee flotte Badge kréien.

Fir är Aktivitéiten a Resultater weltwäit ze deelen, kënnt dir eng Foto maachen an op Facebook oder Instagram deelen mat:

#ScoutFoundersDay #WorldThinkingDay #HappyBirthdayBP

Fir méi Infoen Kontaktéier d’International Ekipp.