World Scout Jamboree

Jamboree, d’Geschicht

Zënter 1920, treffen sech Scouten a Guiden aus der ganzer Welt fir hir “Meeting of Tribes”. Hei ass eng Erklärung iwwert den Jamboree an en Iwwerbléck vun all Jamborees zënter den 1920er.

Wat heescht jamboree?

“Jamboree”, ass e Wuert mat onsécherer Bedeitung. Mee fir eis Scouten heescht et eng international Versammlung vu Scouten aus der ganzer Welt. Den Baden-Powell, dem Grënner vum Scoutissmus, wollt am Summer 1920, Scouten aus ganz Groussbritannien versammelen vir den “éischten Jamboree”. Fir seng Iwwerraschung, zu senger Invitatioun koumen och Scouten aus villen europäeschen Länner, an souger vu méi wait.

Seitdeem gett all 4 Joer e Jamboree organiséiert. Déi ginn elo vum Weltverband WOSM organiséiert. Bei esou World Scout Jamboree treffen sech dausenden Guiden a Scouten aus der ganzer Welt fir e Camp zesummen ze liewen mat vill Aventure, onvergiesslech Erfarungen an vill international Frëndschaften.

All d’Jamborres seit 1920:

1920: Groussbritannien, London

Ongeféier 8.000 Scouten aus 34 Länner hu am 1. Jamboree deelgeholl. Am Olympia waren Spiller, Concouren, Ausstellungen. Den Impakt op den Publikum war enorm – d’Presse huet dësen Event ronderëm d’Welt gemellt. D’Scouten hunn hir grouss Versammlung, hir eegen Olympesch Spiller!
Et goufen Ufroen, Suggestiounen, Fuerderungen. Den internationale Büro ass ënner Drock gaangen – d’Scouten wollten een neien Jamboree hunn.

1924: Dänemark, Kopenhagen

1924, bei Kopenhagen an Dänemark, war dann deen 2. Jamboree organiséiert. Knapp 5.000 Jong Scouten aus 34 Natiounen hunn deelgeholl. Duerno gouf et eng Woch Home Hospitality vun den Dänesch Familljen fir all auslännesch Participanten.

 

1929: Groussbritannien, Birkenhead

Am 3. Jamboree am Arrowe Park vu Birkenhead / Liverpool an England waren ongeféier 50.000 Jong Scouten vu 69 Länner vertrueden. Et soll vill gereent hunn, well och nach haut nach Leit iwwert dem “Schlamm-Jamboree” vu 1929 schwätzen.

 

1933: Ungarn, Gödöllö

Am Park vu Gödöllö zu Budapest / Ungarn ass de 4. Jamboree 1933 organiséiert ginn. 25.000 Scouten aus 34 Natiounen hunn deelgeholl. D’Participanten erënneren sech dass de Baden-Powell, seng Ronnen op de Campplatz op sengem prestigiéisen Päerd gemaach huet. Fir déi éischt Kéier goufen et Jamborees Timberen. De legendären wäissen Hirsch vun de Magyaren war den Jamboree Logo.

 

1937: Holland, Vogelenzang

De 5. Jamboree gouf zu Vogelenzang / Bloemendaal an Holland ënner dem Logo vum Jacobsstabes, 1937 realiséiert.
29.000 Scouten aus 54 Natiounen waren dobäi, wou och de Robert Baden-Powell d’Scouten vun der Welt fir déi lescht Kéier begréisst huet. Seng Wierder waren: “Et ass Zäit fir mech Äddi ze soen, Ech wëll Iech e glécklecht Liewe wënschen, Dir wësst datt vill vun eis, eis net méi an dëser Welt treffen wäerten …” Duerno huet den Zweete Weltkrich all international Aktivitéite verhënnert.

1947: Frankreich, Moisson

Nom Zweete Weltkrich gouf et séier accordéiert, datt de nächste Jamboree 1947 stattfanne géif. 25.000 Jong Scouten aus méi wéi 70 Länner hunn am 6. Jamboree, den sougenannten “Jamboree of Peace”, zu Moisson bei Paräis / Frankräich deelgeholl.
Zu dëser Zäit war den Jamboree ee Beispill vun eiser Bridderlechkeet an och e staarke Signal vun fir de Fridden an der Welt.

1951: Éisträich, Bad Ischl

1951 ass de 7. Jamboree zu Bad Ischl an der Salzkammergut / Éisträich organiséiert ginn. Ronn 800 Mataarbechter hunn gesuergt, datt d’Jamboree gutt fir déi 13.000 Scouten aus der ganzer Welt gelaf ass.

 

 

1955: Kanada, Niagara

Den 8. Jamboree gouf 1955 am Niagara-On-The-Lake, zu Kanada gemaach – et war deen éischte Jamboree ausserhalb vun Europa!
11.500 Scouten aus 71 Natiounen waren dobäi

 

 

1957: Groussbritannien, Sutton Park

1957 war et den 50. Anniversaire vum Scouts Mouvement an dofir e grousst Jubiläum: Méi wéi 30.000 Scouten aus 82 Länner waren op Sutton Park, Birmingham komm. Zur selwechter zéit gouf och een Leadership Camp (INDABA) organiséiert an och een World Rovermoot.

 

1959: Philippinen, Mount Makiling

Fir den 10. Jamboree koumen am Summer 1959 eng 12.500 Jonk Scouten vu 44 Natiounen op de Makiling Park an de Philippinen. D’Participatioun vun de Europäer war relativ niddereg.

 

 

1963: Griichenland, Marathon

1963 koumen 14.000 Scouten aus 88 Länner fir den 11. Jamboree op dem historesche Site vu Marathon zu Griicheland.
Hetzt a Stëbs waren d’Charakteristiken vun dësem groussen Camp ënnert dem Thema “Higher and Wider”.

 

 

1967: USA, Idaho

Fir den 12. Jamboree hunn 12.000 Participanten aus 105 Natiounen am Farragut State Park zu Idaho, USA sech getraff.
Nieft dem Besuch vum Olave,Lady Baden-Powell, och den Hubert H. Humphrey, dem Vizepräsident vun den USA, war och um Camp.
Indianer, Rodéo, an aner Traditiounen erënneren un dësem Jamboree, deen ënnert dem Thema “For Friendship” stoung.

 

1971: Japan, Asagiri Heights

Am August 1971 huet desen Jamboree mat guddem waarmen Wieder ugefaangen, mee no e puer Deeg gouf de Camp mat engem Taifun iwwerrascht. Et war de 13. Jamboree op den Asagiri Heights bei Fujiyama zu Japan.
Nodeem de gréissten Deel vun de Souscamps ënner Waasser waren, eng 16.000 Scouten goufen a 48 Stonnen a Schoule, Klouschter,… evakuéiert. Onvergiesslech bleift déi grouss Freedefeier um Enn: Asiatesch – a ganz faarweg!

 

1975: Norwegen, Lillehammer

Am Lake Mjosa bei Lillehammer an Norwegen hunn 17.500 Scouten aus 91 Natiounen sech 1975 fir den 14. Jamboree getraff.
Déi fënnef Nordesch Länner Norwegen, Schweden, Dänemark, Finnland a Island hunn ee Programm ënnert dem Motto “Five Fingers – One Hand” proposéiert.

1983: Kanada, Calgary

13,553 Jonk Scouten aus 97 Natiounen hunn sech fir de 15. Jamboree bei Calgary am Kanada getraff.

 

 

 

1987: Australien, New South Wales

Um Enn vun dem Joer 1987 huet Australien op d’16. Jamboree invitéiert – bei dësen Apell waren iwwer 16.000 Jonker vun iwwer 80 Natiounen komm.
D’Jamboree war ennert dem Thema “Bringing the World Together”.
D’Eröffnungsfeier, déi um Mëttwoch am 31. Dezember 1987 stattfonnt huet, war eng onvergiesslech Erfarung vir all d’Participanten.

 

1991: Südkorea, Mount Sorak National Park

“Many Lands, One World” war den Thema vum 17. Jamboree, deen iwwer 20.000 Jonker aus 130 Natiounen am schéine Bierg Sorak Park zesummebruecht huet
De Site vum Jamboree war nëmmen e puer Kilometeren vun der kontroverser Grenz mat Nordkorea an ongeféier 200 km ewech vu Seoul, der südkoreanescher Haaptstad.

 

1995: Holland, Flevoland

“Future is now” war den Thema vum 18. Jamboree an Holland. 28.960 Jonker vu 166 Natiounen waren dobäi.

 

 

1999: Chile, Picarquin

Am Joreswiessel 1998/99 koum den éischte Jamboree op Latäinamerika. 31.000 Jonker aus 157 Natiounen hunn deelgeholl am 19. Jamboree an Chile, deen am Thema “Building Peace togeter” war

 

 

2003: Thailand, Sattahip

Fir den 20. Jamboree hu sech iwwer 30.000 Scouten aus méi wéi 150 Länner zu Thailand ënnert dem Motto “Share our World, share our cultures” getraff.

 

 

2007: Groussbritannien, Essex

“One World, One Promise” war de Motto vum 21. Jamboree. Dëst Joer gouf och weltwäit den Centenaire vum Scoutsverband gefeiert.
Méi wéi 40.000 Scouten aus 158 Natiounen sinn op England komm

 

 

 

2011: Schweden, Rinkaby

Ënnert dem Motto “Simply Scouting” fënnt de 22. Scout Jamboree vum 27. Juli bis den 7. August 2011 zu Rinkaby statt. Eng 40.000 Scouten aus méi wéi 160 Länner vun der ganzer Welt waren dobäi.

 

2015: Japan, Kirara-hama

Den 23. Jamboree fënnt am 28. Juli bis den 8. August 2015 zu Japan statt. Méi wéi 30.000 Scouten aus der ganzer Welt sinn vertrueden. Ënnert dem Motto “Wa – a Spirit of Unity” liewen d’Jonker zéng Deeg zesumme.

 

2019: USA, West-Virginia

 

2023: Südkorea