Young Delegate

Young Delegate Programme – De Programm fir jonk Delegéierten

Em wat geet et?

WAGGGS ass déi weltgréissten Organisatioun vu Meedercher an jonke Fraen, si ass eng vun den wichtegsten Stëmmen fir d’Rechter vun de Fraen. WOSM ass eng vun den gréisste Organisatiounen an der Welt an, wéi WAGGGS, e wichtege Player an der UNO.

Mir, Guiden a Scouten, sinn Member bei deenen zwee Weltverbänn an implementéieren an eisem Land d’Initiativen vu WAGGGS a WOSM. Eis Delegéiert waerten aktiv Entscheedungen huelen op internationalen Konferenzen an esou d’Entwécklung vun den Weltverbänn matgestallten.

Hei kenns du an d’Spill! Du hues d’Chance, als LGS Young Delegate um Weltscoutissmus deelzehuelen an aktiv bei WAGGGS/WOSM matzemaachen. Mir siichen motivéiert jonk Scouten (Fra oder Mann) aus dem ganze Land, déi d’LGS zesummen mat eis op internationaler Evenementer vertrieden. Natierlech gëss du vun eis ënnerstëtzt an virbereet, mat wäertvollem Input oder perséinlechen Know-how.

Zesummen als Grupp wäerten eis jonker Delegéierten vill léieren an sech am Internationalen Scoutissmus entwéckelen. Den Héichpunkt vum Programm wäerten natierlech, d’Europakonferenz an d’Weltkonferenzen (WOSM a WAGGGS) sinn.

Op Weltniveau matschwätzen an een Impakt hun, sin wäertvoll Erfarungen, besonnesch an dengem jonken Alter. Den Young Delegate Programm, ass dofir ee Programm fir 2 Joren.

Waat maachen ech konkret als YD ?

  • Du bass d’jonk Stëmm aus Lëtzebuerg: gees ob Konferenzen mat, deelhells un Workshops, hues austausch mat Leit aus aaneren Länner,…
  • Zesumme mat den aneren YD bereets du dech vir op International Evenementer, mat dengen Internationalen Kommissären an der Internationaler Ekipp als deng Coachen
  • Du bass disponibel fir 4-5 Versammlungen am Joer physesch oder via Skype fir dass mir dech forméiren kennen.
  • Du deels deng Erfarungen weider: Sief et iwwer eis Sozial Medien (Facebook) oder iwwer Artikelen um Platte Knuet/Site.

Waat bréngt mir daat ?

  • Du hues d’Chance fir aktiv un globalem Scoutismuss deelzehuelen an en Ennerscheed ze maachen
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
  • Du sammels international Erfarung
  • Du kriss Erfarung an der Entwécklung an an der Implementatioun vu Projeten
  • Du erliefs d’Fest vum Guidismus an Scoutismus duerch internationalen Owender, Ausflich, e gemittlech Gespreich bei der Bar,…
  • Du schléiss Kontakter am LGS selwer
  • Du kriss méi Kenntnisser iwwert d’Aktivitéiten an d’Prozesser vun den Weltverbänn a vun den LGS
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen
  • Een mega Plus fir däin CV!

Waat muss ech hunn ?

  • Alter : tëscht 18 an 22 Joer
  • Motivéiert – Engagéiert – Flexibel – Interesséiert – Teamwork
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen

Wat Kascht et ?

0€!

Jo, du hues richteg gelies, d’Participatioun an d’Reesen op international Evenementer an d’Versammlungen ginn ganz vun eis iwwerholl.

Wou mellen ech mech ?

Schéck eng mail op , mat dain Scouts-CV mat enger Foto, a so eis wat dech motivéiert huet dech unzemellen.