Weltverbänn an aaner Organisatiounen:
WOSM : WOSM steet fir “World Organization of the Scout Movement” an ass traditionell de Weltverband vu Jongen a Männer. An der Tëschenzäit si Meedercher a Frae och a gemëschte Verbänn a verschiddene Länner ugeschloss a sinn domat och bei WOSM ugeholl ginn.
WAGGGS : WAGGGS steet fir “World Association of Girl Guides and Girl Scouts” an zielt ongeféier 10 Millioune Meedercher a jonk Fraen als Membere vun der Associatioun. D’Missioun vu WAGGGS ass “d’Meedercher a jonk Fraen z’erméiglechen hir voll Potenzial z’entwéckelen fir verantwortlech global Bierger ze ginn”.
ICCS (International Kathoulesch Konferenz iwwer Scoutismus): D’LGS ass Member vun der Internationaler Kathoulescher Konferenz vum Scoutismus (IKKP/ICCS/CICS). Den ICCS ass zu Roum baséiert.
Spiriteco: Spiriteco ass e Netzwierk vu WOSM a WAGGGS Memberen déi d’Entwécklung vun der spiritueller Dimensioun fir jiddereen ënnerstëtzt, baséiert op de Prinzippien an der Essenz vum Guiden- a Scoutismuss.
SIL (Scouting in Luxembourg): Den daachverband vun de Lëtzebuerger Scoutsverbänn, LGS an FNEL. Fréier LBSA (Luxembourg Boy Scouts Association), gegrënnt den 7. Oktober 1945. De Grand-Duc Jean wor eisen Chefscout. Sait 2019 ass den Prënz Guillaume eise neie Chefscout.
Interessantes vu WOSM:
- Scout Donation Platform : Eng Scouts Crowdfunding Plattform fir Scouts-Projeten op der ganzer Welt ze ënnerstëtzen
- WOSM – Historical Highlights: D’chronologie vum Scoutissmus
- WOSM Services: Dediéiert Servicer a support fir National Verbänn
- WOSM Shop: World Scout Shop vum Weltverband
- ScoutsForSDGs: WOSM Platform fir d’SDGs
- #HeForShe: Léiert méi iwwer d’Gläichberechtegung vun de Geschlechter mam Toolkit fir Scouts aktivitéiten iwwert den Programm HeForShe vun der UN.
- International Scoutszentren : WOSM bedreift seng eege Scoutszentren weltwäit. De bekanntste Zentrum ass de World Scout Center zu Kandersteg, de KISC (Schwäiz).
- Aner Scoutsassociatiounen weltwäit : Eng Lëscht vun alle Scoutsassociatiounen, déi vum WOSM weltwäit unerkannt sinn, fannt Dir hei.