Komm bei eis!

OPEN CALL: D’International Ekipp sicht dech!

Em wat geet et?

D’International Ekipp ass de Lien tëscht de Weltverbänn WOSM a WAGGGS, auslännesche Scoutsverbänn an den LGS. Eist Ziil ass et, de Membere vun den LGS déi beschtméiglech International Erfarungen ze bidden, an dofir organiséiere mir Formatiounen, setze Contingenten op d’Been an tauschen eis mat Guiden a Scouten aus der ganzer Welt aus.

Loscht ze hëllefen?

Hei kenns du an d’Spill! Du hues d’Chance, als Member vun der Internationaler Ekipp vun den LGS aktiv bei WAGGGS a WOSM matzemaachen. Mir siichen motivéiert jonk Guiden a Scouten aus dem ganze Land, déi d’LGS zesumme mat eis op internationalen Evenementer vertrieden. Ausserdem brauche mir deng Hëllef fir eise Memberen d’Internationalitéit zu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

Eng Erausfuerderung fir dech!

MELL DECH ELO!

Waat maachen ech konkret als Member vun der Internationaler Ekipp ?

  • Du bass d’Stëmm vun den LGS: du gees mat op Konferenzen, hells u Workshops a Formatiounen deel, du hues Austausch mat Leit aus aaneren Länner,…
  • An der Internationaler Ekipp bereede mir zesummen Aktivitéite fir national Eventer a Formatioune fir a participéieren aktiv um Verbandsliewe vun den LGS.
  • Du bass disponibel fir eng Versammlung de Mount, egal ob a präsenz oder online, ee Weekend am Joer an aner Eventer (national an international)
  • Du deels deng Erfarungen: Sief et iwwer eis Sozial Medien (Facebook) oder iwwer Artikelen um Platte Knuet/Site.

Waat bréngt mir daat ?

  • Du hues d’Chance fir aktiv um globale Guiden- a Scoutsliewen deelzehuelen an en Ennerscheed ze maachen
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
  • Du sammels international Erfarung
  • Du kriss Erfarung an der Entwécklung an an der Implementatioun vu Projeten
  • Du erliefs d’Fest vum Guidismus an Scoutismus duerch internationalen Owender, Ausflich, e gemittlecht Gespreich,…
  • Du kriss méi Kenntnisser iwwert d’Aktivitéiten an d’Prozesser vun de Weltverbänn a vun den LGS
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen
  • Ee mega Plus fir däi CV!

Waat muss ech hunn ?

  • Alter : tëscht 18 an 30 Joer
  • Motivéiert – Engagéiert – Flexibel – Interesséiert – Teamwork
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen

Wou mellen ech mech ?

Schéck virum 1. November 2024 eng Mail op ic@lgs.lu, mat déngem Scouts-CV, mat enger Foto, a so eis, firwats du motiveiert bass, bei eis an der Ekipp matzemaachen!