Internationale Volontariat

Benevolat am Ausland

Hei méi Infoen iwwer déi verschiden Méiglechkeeten fir bénévolat am Ausland ze maachen.

Volontariat an engem anere Land maachen ass definitiv en super Erliefnes als Scout, als fräiwëllege Volontaire, als Mënsch! Et léiert een vill nei Leit kennen ze léieren, nei Fäegkeeten z’entwéckelen an an enger anerer Kultur ze liewen. Als Member vun dem LGS hues du also immens vill Méiglechkeeten souwuel innerhalb ewei ausserhalb vum Scoutismus. #ScoutVolunteer

E puer vun deenen fënnt dir hei ënnendrënner detailléiert. ⬇️


Kandersteg Volunteer Staff (Pinkie)

De Kandersteg International Scout Center (KISC) an der Schwäiz ass e Weltzentrum deen zu WOSM gehéiert. Dausende vu Scouten besichen all Joers Kandersteg. Den Weltzenter ass op fir Gruppen an Eenzelpersounen, Scouten an Net-Scouten, d’ganzt Joer iwwer. Opgemaach am Joer 1923, huet de Baden-Powell, Kandersteg als eng Plaz geduecht wou Scouten e ‘permanente Mini-Jamboree’ erliewe kënnen. De KISC kombinéiert eng sublime Campplaz an e typesche Chalet mat benevol Scouten aus der ganzer Welt.

Et gin fräiwëlleg Mataarbechter gebraucht, bekannt als Pinkies, fir Programmaktivitéiten, Administratioun, Shop, Accueil an aaner servicer ze bedreiwen. Et ginn offeren als ‘Short Term Staff’ an och als ‘Long Term Staff’. D’Personal bezilt seng eege Rees, awer d’Iwwernuechtung an d’Iessen ginn am Centre zur Verfügung gestallt.

Natierlech kann een sech och als Staff mellen bei vill aaner Guiden/Scouts Zenteren.

KISC Website

ONGD Guiden a Scouten fir Eng Welt

Maach mat bei de ville Projeten vun eiser ONGD, iwwert een vun den verschidden LGS Camp Chantier (Odyssee vun den RaRo) oder als Volontaire fir en Service Volontaire de Coopération an engem vun de Partnerlänner vun der ONGD.

ONGD Website

 

International Camp Staff Programme (ICSP)

D’Boy Scouts of America (BSA) siichen Personal (ënner 30 Joer) mat allgemeng oder méi spezifesch Responsabilitéiten, fir temporäre volontariat bei hire Summercamps uechter d’USA ze maachen. D’Fräiwëlleg Mataarbechter handelen als spezifesch Instrukteren a dofir wäert Dir am Viraus gefrot ginn iwwer Är Fäegkeeten an Erfarung an dësem Beräich.

D’Aarbecht ass intensiv, awer d’ICSP bitt eng ganz belounten Erfarung an eng super Geleeënheet fir e Summer an Amerika ze verbréngen an d’Land a säi Scoutismus z’entdecken. All Iwwernuechtung an Iessen si virgesinn an Dir kritt en duerchschnëttsgehalt vun $ 800 fir déi ganz Period fir e puer vun Äre Reesausgaben ze decken. Dir musst fir sechs Woche verfügbar sinn, iergendwann vun Enn Mee bis Ufank Juli.

ICSP Website

Service Volontaire Européen/National/de Coopération (SVE/SVN/SVC)

Den European Voluntary Service (EVS) oder SVE,  ass en Erliefnes vu Benevolat an Europa fir Jonken vun 17 bis 30 Joer. Dëst bidd hinne d’Méiglechkeet e puer Méint an engem anere europäesche Land ze liewen, a sech am Déngscht vun enger Asbl anzesetzen. Esou kenn dir konkret Gemeinschaften an der Europäescher Unioun hëllefen. Ab 2018 gouf den Europäesche Volontär Service duerch den European Solidarity Corps ersat.

Den Europäesche Volontär Service gëtt finanzéiert vun der Europäescher Kommissioun fir d’Fäegkeete vu jonke Leit ze verbesseren. Dës finanziell Ënnerstëtzung enthält:

  • Ofdeckung vun Iwwernuechtungskäschten an Iessen fir de Volontär Kandidat
  • Remboursement vun Reesausgaben (bis zu enger gewëssener Limite, déi hänkt vum Kilometerstand of)
  • Krankeversécherung fir déi ganz Period vum Volontär am Ausland
  • sproochlech Ënnerstëtzung an der Sprooch vum Land de Destination

Den Erasmus + Programm bitt nach aner Méiglechkeete fir international Mobilitéit, besonnesch internationalen Austausch, déi et de Jonken erlaben, mat der Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun, un formative Reese an aner Kulturen ze profitéieren an eng wichteg Erfahrung vun interkultureller Begéinung ze maachen.

Corps européen de solidarité – portail européen du bénévolat

Eurodesk – projects, opportunities

Volontaires.lu – plateforme nationale (SVN, SVE, SVC)

Alliance of European Voluntary Service Organisations

D’Alliance Network bréngt kleng benevole a karitativ Organisatiounen a ganz Europa zesummen, déi kuerzfristeg Benevolat Projete ubidden, déi Leit aus verschiddene Länner zesumme bréngen, fir konzentréiert Gemeinschaftsprojete fir kuerz Zäit ze schaffen (vun 2 Wochen).

Alliance Network Website