“Erasmus Scout”, “ErasmuScout”, “Scoutasmus”, “EscOut”, “Go Scout & Guide Abroad”: vill Nimm – een Zill:
Scout sinn während dengem Studium oder Aarbecht am Ausland.
Intro:
Du gees an d’ Ausland fir deng Studien oder fir deng Aarbecht?
Du wëlls deng Rees am Ausland kombinéieren mat enger aussergewéinlecher Scouts Erfarung?
Jo, du kanns weider Chef/Scout an engem Scoutsgrupp am Ausland sinn! 🙂
“EraScout” bitt dir d’Méiglechkeet fir däin Pays d’accueil ze entdecken andeems du bei engem lokale Scoutsgrupp dech integréiers.
Waat:
Du bass Member bei den LGS, an du fiers gläich an d’ Ausland am Kader vun dengen Studien oder en aneren Echange Programm?
A wéi wier et wanns du vun dengem Erasmus oder Stage am Ausland géifs profitéieren fir lokal Guiden a Scouten unzeschwätzen, fir iech ze treffen oder dass du souguer eng Hand mat upécks?
Dëst ass d’Geleeënheet fir ze entdecken wéi den Scoutissmus am Ausland ass, fir nei Leit ze treffen an eng eenzegaarteg Erfarung ze maache mat nei Erliefnisser/Ideen/Spiller asw., déi een duerno zeréck op Lëtzebuerg kann matbréngen.
Mir kënnen dir hëllefen eng Scoutsgrupp am noosten bei denger Uni oder Aarbechtsplaz ze fannen. Den EraScout ass méiglech an alle Länner.
Fir Ween:
Den EraScout ass fir Cheffen/Cheftainen a jonk Erwuessener (RaRo), déi e puer Méint am Ausland verbréngen als Deel vun hirem Studium, Praktikum, Benevolat … an déi di wëllen hir Aventure am Mouvement weider developpéieren.
Firwaat:
Et ass e Projet, deen jonk Leit erlaabt sech an enger Chefekipp/Clan am Ausland ze integréieren an déi et hinnen erlaabt eng aner Perspektiv vum Scoutissmus kennenzeléieren: néi kreativ an innovativ Iddien, international Frëndschafte maachen, Austauschprogrammen,…
En EraScout bitt d’Geleeënheet fir verschidde Formen vu Scoutissmus ze verstoen an eis Affiliatioun zu béid Weltverbänn ze stäerken: World Association of the Girl Guides and Girl Scouts (WAGGGS) an World Association of the Scout Mouvement (WOSM)
Dëst ass och eng Geleeënheet fir jonk Leit sech an d’ lokal Populatioun ze integréieren an net nëmmen mat der Studentengemeinschaft: et ass eng enorm Bréck, fir d ‘Kultur vum Land/Regioun duerch d’Kanner an hir Famill ze entdecken.
En europäesche Programm:
D’WOSM Europe Region Websäit schwätzt iwwer “Erasmus-Scout” am Artikel (op Englesch): “Mobility and Scouting : being a Scout while studying or working abroad“
Wei kann ech eng lokal Grupp fannen:
Du bass interesséiert? Kontaktéier d’International Ekipp. 😀
Soubal mir all déi néideg Informatioun hunn (Datumen a Land/Stad, Wënsch, …), da wäerte mir de Scoutsverband vum Gaaschtland kontaktéieren, sou datt e lokale Kontakt fir Iech opgebaut gëtt.
Zéckt net fir iwwer EraScout mat ärem Ëmfeld ze schwätzen.
Et geet och ëmgekéiert:
Den EraScout ass och geduecht fir auslännesch Scouten, déi zu Lëtzebuerg studéieren oder schaffen. Wann Dir auslännesch Scouten kënnt déi op Lëtzebuerg kommen, gitt hinnen eisen Kontakt … a sieft prett fir se an Ärem Grupp begréissen ze kënnen!