World Thinking Day 2024 – Postkaartenaktioun

Maach mat bei der Postkaartenaktioun 2024!

Et ass rëm sou weit, den 22ten Februar feieren mir mat den Scouten weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun déi säit 1932 existéiert  an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

D’ Scouten a d’ Guiden schécken sech Postkaarten mat schéine Gréiss um Thinkingday an zesummen mat aneren däitschsproochegen Länner maachen mir mat.

D’Thema dëst Joer ass ‘Our World, Our Thriving Future’

Wëlls du fläit engem aaneren Freed maachen, an däin Message fir d’Welt besser ze hannerloosen an Form vun enger Postkaart verschécken? An och eng Postkaart vun engem aaneren amplaatz kréien?

Dann mach mat bei der Postkaartenaktioun! Mell dech eleng oder mat dengem Grupp bis den 28.01.2024 un an den 8.02.2024 kriss du dann d’Adressen per Mail geschéckt. Deng Postkaart muss bis spéitstenz den 17 Februar fortgeschéckt ginn.

Umellen kann een sech um Site: https://thinkingday.pfadfinden-in-deutschland.de/informationen/postkartenaktion

Op dësem Site fannt dir och nach weider Informatiounen zu der Aktioun. Bei weideren Froen schreift op ic.wagggs@lgs.lu

Elo leit et just nach un ärer Kreativitéit fir eng flott Postkaart ze gestalten an dës fortzeschécken.

Lénks Patt,

Fir I-Ekipp

Jennifer Adami
IC WAGGGS