Links

Weltverbänn an aaner Organisatiounen:

WOSM : WOSM steet fir “World Organization of the Scout Movement” an ass traditionell de Weltverband vu Jongen a Männer. An der Tëschenzäit si Meedercher a Frae och a gemëschte Verbänn a verschiddene Länner ugeschloss a sinn domat och bei WOSM ugeholl ginn.

 

WAGGGS : WAGGGS steet fir “World Association of Girl Guides and Girl Scouts” an zielt ongeféier 10 Millioune Meedercher a jonk Fraen als Membere vun der Associatioun. D’Missioun vu WAGGGS ass “d’Meedercher a jonk Fraen z’erméiglechen hir voll Potenzial z’entwéckelen fir verantwortlech global Bierger ze ginn”.

 

ICCS (International Kathoulesch Konferenz iwwer Scoutismus): D’LGS ass Member vun der Internationaler Kathoulescher Konferenz vum Scoutismus (IKKP/ICCS/CICS). Den ICCS ass zu Roum baséiert.

 

 

Spiriteco: Spiriteco ass e Netzwierk vu WOSM a WAGGGS Memberen déi d’Entwécklung vun der spiritueller Dimensioun fir jiddereen ënnerstëtzt, baséiert op de Prinzippien an der Essenz vum Guiden- a Scoutismuss.

 

 

SIL (Scouting in Luxembourg): Den daachverband vun de Lëtzebuerger Scoutsverbänn, LGS an FNEL. Fréier LBSA (Luxembourg Boy Scouts Association),  gegrënnt den 7. Oktober 1945. De Grand-Duc Jean wor eisen Chefscout. Sait 2019 ass den Prënz Guillaume eise neie Chefscout.

 

Interessantes vu WOSM: