Academy 2020

Vum 4-8  November 2020 ware mir, de Max an d’Coline aus der I-Ekipp, op der Academy. D’Academy huet als Zil den Memberen aus verschiddenen NSAs/NSOs/MOs eng Geleeënheet zur Weiderbildung an zum Austausch ze bidden. Interessant dorunner ass, dass et ee vun den wéinegen Evenementer ass, déi a Kollaboratioun tëschent WAGGGS a WOSM ugebueden gëtt, an domadder d’Approche vun deenen zwee Weltverbänn vertrëtt a kombinéiert.

Dëst Joer war d’Thema “Recalibrating your Compass” an et ass drëms gaangen, eis als Jugendorganisatioun nei ze evaluéieren vis-à-vis der Covid-19 Pandemie. Dobäi goufen awer och Sëtzungen ugebueden déi méi ëm business-as-usual Themen gangen sinn, wéi zB d’SDGs oder Diversitéit an Inclusioun. D’Sëtzungen waren an dräi “Learning Paths” agedeelt: Impact and Influence, Diverse Members and Inclusive Opportunities, a Growth.

Op eisem Facebook, fannt dir e flotte Video, wou mir iech d’Academy erklären: https://www.facebook.com/LGSinternational/videos/413360803002558

D’Organisatiouns-Team huet sech richteg vill Méi ginn, fir d’Academy sou interaktiv wéi méiglech ze gestalten, trotz dem Fait, dass se dëst Joer online war. Niewent all den informativen Sëtzungen, gouf et och eng Rei “social activities”, wéi zB e Quiz, eng table ronde, an en Escape Game. Och d’Ufanks- an d’Ofschlosszeremonie waren iwwert Zoom. Niewebäi ass et och drëms gaangen sech mat sengem Peer Group en Projet auszedenken, deen dann op der Ofschlosszeremonie presentéiert gouf. Mäi Grupp huet zB eng Kit ausgeschafft fir mat e puer Klicks en internationalen Owend kënnen ze plangen. Dofir hu mir aus eisem eegene Land jeeweils eng Legend, en Rezept, en Lidd, e Spill an eng Corona-sécher Aktivitéit ausgesicht, fir se dann zesummen ze sammelen.

Ufankszeremonie, mam Umaachen vum Feier zu Kandersteg an Our Chalet 

Wat bei Online-Events cool ass? Vum Confort vun sengem Bett aus deelhuelen

Wichteg ass et awer och, tëschenduerch frësch Loft ze schnapen! 

Mengem Peer Group säin Versuch en Häerz op Teams ze “molen”…. 

Fir eis war d’Academy eng super Erfarung. Mir hu richteg vill bäigeléiert, hu vill konnten iwwert déi verschidden Themen reflektéieren an eis mat Scouten aus ganz Europa austauschen, an kruten vill nei Inputs déi mir den LGS wëllen weider vermëttelen, wourunner mir och an deenen nächsten Wochen/Méint wäerten schaffen.

Obwuel ech Ufanks meng Zweifel hat op dës Academy wierklech sou flott gëtt wéi wann se offline wier, hunn ech séier gesinn, dass et total méiglech ass grouss Evenementer online ze plangen, wann ee mat der richteger Astellung rageet. Wéi de BP et sot “a scout smiles and whistles under all cirumstances”. Dëst ze gesinn an mat ze erliewen, ass eng gutt Motivatioun fir sech net vun der aktueller Situatioun decouragéieren ze loossen. Wann d’Academy-Team et hikrut en Event fir 150 Leit iwwer 5 Deeg iwwert d’Ronnen ze kréien, da fannen mir bestëmmt och Léisungen fir eis Versammlungen an méi grouss Eventer!  Fir et sou schéin op dësem Slide steet: TIME FOR ACTION!

fir d’I-Ekipp,

Lénks Patt,

Coline