Diversitéit an Inklusioun bei den LGS? Schwätz mat! – AG Diversitéit

Um leschte Kongress (24.09.2022) zu Ettelbréck, hun d’LGS eng Resolutioun zum Thema “Diversity” ugeholl. 

 

Dorops gouf eng néi spezifesch “Aarbeschtgrupp Diversitéit” aberuff.

Du bass iwwert dësen Thema interesséiert? Du hues Ideeën wei d’LGS méi diverse an inklusiv kënne sin?

Dann mell dech an eiser AG Diversitéit, an schwätz mat. Deng Meenung zielt!

 

Mir sinn ëmmer frou iwwert nei IdeeënFroën oder motivéiert Leit déi wëlle matmaachen.

Kontaktéier eis: diversiteit@lgs.lu

 


Resolutiounstext

“Bei de Guiden a Scouten ass jidderee wëllkomm. Mee spigelen eise Verband, eis Method, an eis Aktivitéiten dat och zeréck? An eiser Diskussiounsronn hu mir iwwert verschidden Themen diskutéiert wou Diversitéit misst grouss geschriwwe ginn. Dobäi ass eis opgefall, dass dat a ville Beräicher nach net de Fall ass, oder op allefall, dass mir eis kee genaut Bild kënne maachen, op wéiengem Standpunkt mir a punkto Diversitéit sinn. Fir eis als Guiden a Scouten als Virspriecher vun enger „besserer Welt“ kënnen ze positionnéieren, ass et wichteg, dass mir eis och intern déi richteg Froe stellen.
 
Mir invitéieren de Comité driwwer nozedenken wéi mir als LGS besser mam Thema Diversity kënnen emgoen, zB duerch d’Grënnung vun enger Arbeschtsgrupp.”