Moien léif Guiden a Scouten,
Zënter dem Ausbrieche vum Coronavirus, a seng séier Verbreedung iwwer d’Welt, goufe weltwäit Mesuren vu soziale Distanzen ëmgesat. Dës Sécherheetsreegelen hunn och d’Scoutaktivitéite betraff: keng physesch Reunioune, Reesen an Outdooraktivitéite musse reportéiert oder ofgesot ginn. Awer den Scoutissmus hält ni op! Vill Scouts Verbänn plënneren hir Versammlungen op Online Plattformen fir hir Memberen duerch ganz Europa z’ënnerstëtzen, anerer huelen et e Schrëtt nach méi wäit an hëllefen hir Gesellschaft duerch konkret Aktivitéiten wéi: Liwwerung vun Iesswueren un eeler/vulnerabel Leit oder assistéieren medezinescht Personal.
Mat dëser News wëlle mir iech en Internationalen Ausbléck ginn, wat Scouten aus aller Welt grad maachen!
Hei fënns du en update, vun Scoutsverbänn déi d’Gesellschaft hëllefen, déi Scoutsaktivitéiten vun doheem bidden, am Still ‘Scouting@Home‘ a weider zesumme a Kontakt bleiwen: Scouting Never Stops!
Weider cool Intiativen fënns du hei:
- Scouts programm fir doheem (UK): #TheGreatIndoors
- Um Challenge vu La toile scoute deelhuelen: #LanceTonFoulard
- Um Challenge vu WOSM deelhuelen: #EpicBlanketTentChallenge
- Innovativ Léisunge entwéckelen (Canada): Using 3D Printers
- Scouts aktivitéiten fir doheem an fir all Alter (Germany) : Scouting Never Stops
- Idiien fir virutel Versammlungen vu BdP (Germany): virtuelle Gruppenstunden
- Virtual game vu Scoutisme Français (France): Exploreve
- Scouting at Home vu CNE (Portugal): Escutismo em Casa
- Online Hub fir Idiien an Infoen vu PBS (Switzerland): Homescouting Community
- Infosheet vu PSG (Germany): Online Gruppenstunden Ideen
- Aktivitéiten vu Girlguiding (UK): Adventures at Home
- Aktivitéiten vu Les Guides (Belgium): Idées pour les parents
- Aktivitéiten vu SGV (Belgium): Tips for online activites
- Aktivitéiten vu ASDE (Spain): Oportunidades ante el COVID-19
- Malta Girl Guides Challenge (Malta): #mggquarantinechallenge
- Catholic Guides of Ireland (Ireland): 14 Day Boredom Buster Challenge
- Catholic Guides of Ireland (Ireland): Time Capsule Challenge
- Stay at home tips vum VCP (Germany): Zuhause-Bleib-Zeitvertreib
- Aktivitéiten vu Irish Girl Guides (Ireland): Bear Hunt
- Mol Concours (Cyprus): Drawing Contest
- Zelt Doheem bauen (Netherlands): Tent building challenge
- All Dag eng Aktivitéit (Poland): #ZdalneHARCE
- Aktivitéiten vun den spuenesch Guiden (Spain): challenges
- Aktivitéiten (Ukraine): #NoMoreCoronaChallenge
- Aktivitéiten (Greece): #menoumespiti
- Aktivitéiten (Denmark): games
- Aktivitéiten vu SGV (Denmark): KarantaeneSpejd
- Aktivitéiten vu Partio (Finland): Partio Ohjelma
- Aktivitéiten vu Skatarnir (Iceland): #Studkvi
- Aktivitéiten (Lithuania): #Skautomajas
- Aktivitéiten (Norway): Aktivitetsmerke
- Aktivitéiten (Czech Republic): 10 activities with parents
- Eng Spezialsäit vu WOSM mat Informatioun a Ressourcen op COVID-19: WOSM Support Center
- Speziale Fong fir COVID-19 ze bekämpfen: WOSM Emergency Response Fund
WOW – dat soll jiddereen gutt beschäftegt halen! 🙂
Et ass och mega wat Dir alles mat engem Online Videocall maache kënnt: Gruppen/Truppen aus aner Länner kontaktéieren, en Danz zesummen organiséieren, zesummen Sangen, eng Veillée organiséieren, …, an och einfach mat Scouten a Guiden echangéieren an wéi si e positiven Ausbléck behalen trotz den Erausfuerderungen. Dir kënnt och nach aktivitéiten ronderem dem Thema SDG’s plangen, méi Infoen dozou: SDGs – 17 Ziler fir eng besser Welt!
Mir kréien och permanent néi updaten ewéi et mam Scoutismus (respektiv ‘Scout Lockdown’) an den Europäesch Länner weider geet, an kënnen iech do am beschten beroden weint är international Aktivitéiten/Campen am Ausland. Bei Froen kenn dir iech bei eis mellen!
Stay positive and keep the scout spirit high!
Bleiwt all gesond,
Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
#Scouts #Guides #TogetherAtHome
Bruno Martins | Nicole Bausch |
IC WOSM | IC WAGGGS |