JOTI spezial Editioun 3.– 5. Abrëll 2020

Maach mat op dëser spezial Editioun vum Joti!

 

Den Joti ass een offiziellen Event vu WOSM an ass och deen gréisste Jamboree op der Welt.


Haut des Daags sti jonk Leit a ville Länner wéinst der Verbreedung vum Coronavirus (COVID-19) virun Erausfuerderungen an hire lokalen Communautéiten. Schoulen hunn zougemaach an Scoutsaktivitéiten goufen
agestallt. Et ass ganz wichteg datt all Scouten a jonk Leit a Sécherheet bleiwen andeems se ëffentlech an iwwerfëllten Plazen vermeiden, sécherstellen dass si hir Hänn regelméisseg wäschen an aner gutt Praktiken anhalen. Awer sécher bleiwe bedeit net datt mir kee Spaass hunn, kee Scoutismus maachen oder keng nei Frënn fannen!

Dës speziell Editioun vum JOTI ass e séchere Raum, deen aner Scouten wéi och Dech verbënnt, an dat mat der ganzer Welt zu enger Zäit wou der vill vun eis doheem sinn, net an d’Schoul ginn oder un Scoutsaktivitéiten deelhuelen kënnen.


Du kanns dech fir verschidden Aktivitéiten während dem ganze Weekend umellen – vun E-Léiercoursen iwwer Gesondheet, Wuelbefannen an Online Sécherheet bis iwwer d’Kenne léieren vun verschidde Kulturen. Du
kanns Spiller spillen a lëschteg Aktivitéiten leeden an och maache wat’s Du kanns fir déi di an Nout sinn ze ënnerstëtzen. Loosst mir eis géigesäiteg hëllefen, eis Frënn ënnerstëtzen a maachen dass dës Welt erëm e bësse méi hell gëtt.

Dës speziell Editioun vun eisem gréissten digitalen Jamboree erlaabt Dir dech mat aneren ze verbannen, nei Fäegkeeten ze léieren, Scouting online ze schalten an nei Frëndschaften op ze bauen, an dëst ganz bequem vun Doheem aus.

Als Scouten si mir belaaschtbar a mir sinn ëmmer bereet, sou datt mer dës Erausfuerderung zu enger Chance maachen fir Millioune Scouten ronderëm d’Welt ze treffen an engem séchere Raum fir eis all.

Hei ass de Link fir op eis Säit wou dir all weider Informatiounen fannt:
www.jotajoti.lu.

 

Scouting in Luxembourg Aarbechtsgrupp – Alexander Graham Bell