Meng Erfarung als Young Delegate op d’Europakonferenz a Kroatien

Unite, Thrive, Grow – 16th European Guide and Scout Conference

 

Mir, d’Young Delegates vun den LGS, konnten Ënn August mat der Delegatioun vu Scouting in Luxembourg op d‘ Europäesch Guide- a Scoutskonferenz zu Split a Kroatien. Dobäi hate mir d’Méiglechkeet Guiden a Scouten aus ganz Europa, an aus der Welt kennen ze léieren, fir zesumme mat hinnen iwwer d’Zukunft vum Guidissem  a Scoutissem an Europa ze diskutéieren an ze decidéieren.

Di zwee Weltverbänn WOSM a WAGGGS, bei deene mir als LGS allen zwee Member sinn, probéieren op europäeschem Niveau enk zesummen ze schaffe fir sech géigesäiteg ënnerstëtzen ze kennen. Genau dofir organiséieren se och all dräi Joer an Europa eng Joint Conference fir hir eegen, an awer och fir déi gemeinsam Aarbecht ze verbesseren.

Lass gaange mat eiser Aventure Europakonferenz ass et den 23ten August Moies fréi. Do hu mer eis op der Stater Gare getraff fir eis op de Wee an d’kroatesch Mëttelmierstad Split ze maachen. Schonn zu Frankfurt um Fluchhafen hu mir Membere vun der däitscher Delegatioun getraff, déi mer schonn am Mäerz zu Budapest op der Däitschsproocheger Konferenz (DSK) kenne geléiert haten. Zesummen si mer dunn am Nomëtten um Campus vun der Uni Split ukomm. Hei huet eis eng Woch ustrengend Konferenzaarbecht, awer och e flotte Programm erwaart.

Iwwer déi nächst 5 Deeg hu mir iwwer all Méigleches diskutéiert: Den nächsten Europacomité, d‘Zukunft vun de Scouten a Guiden an Europa, déi nächst grouss Events op europäeschem an och op Weltniveau, d’Finanzen an d’Zesummenaarbecht vu WAGGGS a WOSM an Europa. Mee et gouf net just diskutéiert, mir hunn och missen Entscheedungen huelen. Zesumme mat eise Kollege vun der FNEL hu mir am Numm vum SiL zum Beispill en neien Europacomité fir WOSM gestëmmt. Ausserdeem hu mir a villen anere Beräicher Decisioune geholl, wat d’Aarbecht vun de Weltverbänn an Europa iwwer déi nächst dräi Joer ubelaangt.

Niewebäi hat di kroatesch Scoutsfederatioun awer och nach e ganz flotte Programm op d’Been gestallt: Tëscht Ausfluch bei d’Festung Klis, op der eng Réi Zeene vu Game of Thrones gedréint goufen, dem Internationalem Owend bei dem mir eis Lëtzebuerger Kultur virstelle konnten, enger Party op der Plage an enger Ofschlosszeremonie mat Concert virun dem Impressionnante Palais vum Diocletian am Zentrum vu Split war wierklech vir all Geschmaach eppes dobäi.

 

Donneschdes, den 29ten August hu mir eis doudmidd op den Heemwee gemaach. No enger laanger an ustrengender Woch a Kroatien hu mir vill flott Erfarunge gesammelt, eis ganz vill mat Scouten aus anere Länner ausgetosch a mat hinne Frëndschafte geschloss, déi hoffentlech nach laang unhale wäerten.

Zum Schluss bléift eis just nach Merci ze soen der ganzer Internationaler Ekipp vum SiL déi eis dës Erfarung erméiglecht huet an eis bei eisen éischte Schrëtt op internationalem Niveau tatkräfteg ënnerstëtzt huet. Elo freeë mer eis schonn op d’nächst Joer, wou mir op de World Scout Youth Forum sou wei op d’Weltkonferenze vu WOSM a WAGGGS an Egypte respektiv an Uganda ginn.

D‘LGS Young Delegates

Jackie APPEL, Léini VAESSEN a Max TERNES

Gruppefoto vun der Lëtzebuerger Delegatioun zesumme mam WOSM World Chairman Craig Turpie