DSK 2019: Mäin éischt Event als Young Delegate

Szia Budapest!

 

Den 1. Mäerz 2019 moies um halwer 6 ass et fir eis 3 lass gaang an eiser néier Aufgab: D`LGS als Young Delegates vertrieden. Mam Fliger geet et iwwer Frankfurt direkt op Budapest, wou mir mat Bus an Metro eng Kéier queesch duerch déi ganz Staat gefuer sinn.

Am Teleki-Tisza Schlass ukomm ass et dunn fir eis direkt sou richteg lassgaang; Duerch flott Spiller hunn mir déi aner däitschsproocheg Young Delegates aus Eisträich, Däitschland an der Schwäiz kennegeléiert.

Mëttes hunn mir an Atelieren villes iwwert WOSM an WAGGS geléiert, schliisslech mussen mir jo zumools fir Europa- an Weltkonferenz gutt preparéiert sinn, an wëssen mat wiem mir et ze dinn hunn.

Owes, no engem traditionellen ungareschen Iessen, huet dunn offiziell dei 48. däitschsproocheg Konferenz (DSK) an Ungarn ugefaang.

Dat ganzt stoung am Thema “Nachhaltigkeit bei den Pfadfindern”.

Workshops, Informatiounssessiounen, Upcycling an ZERO-Waste stoungen um Programm.

 

Ausserdeem sinn mir ganz vill iwwert déi ungaresch Kultur gewuer ginn, konnten eis mat den Scouten aus den aneren Verbänn austauschen, waren mir am Bad Géllert an sinn mat super guddem Catering verwinnt ginn.

 

Sonndes mëttes nom Closing, ass et doudmidd nees heemgaang. Mat am Gepäck sinn vill flott Ideen, néi Andréck, onvergiesslech Erënnerungen, néi Frëndschaften an d` Virfreed op alles dat wou eis nach erwaart.

D’LGS Young Delegates
Jackie APPEL, Coline GRIMEE an Leini VAESSEN