World Thinking Day 2021 – Actionbound

Du wëlls een flotten Badge vun WAGGGS verdéngen?

 

Feier mat eis den World Thinking Day 2021

D’International Ekipp huet een Actionbound am Kader vum World Thinking Dag gemaach, bei dem jiddereen ganz einfach vun Doheem aus matmaachen kann!
Fir bei dësem Bound matzemaachen muss du just d’App ‘Actionbound’ op däin Smartphone eroflueden, den QR scannen an schonn kann et lass goen.

An dësem Bound fënns du een kléngen Quiz iwwert den World Thinking Day an WAGGGS am Allgemengen. Duerno geet et weider mat 3 Aufgaben, wanns du dës 3 Aufgaben erfëlls an d’Äntwerten an den Actionbound erop luets dann kriss du den Badge fir den WTD 2021. Bei deenen 3 Aufgaben gëtt et keen richteg oder falsch mee se sollen dozou ureegen fir iwwert Thema ‘Fridden’ nozedenken an wéi mir eis als Guiden a Scouten kënnen zesummen fir den Fridden asetzen.

Vun wéini bis wéini kann ech den Actionbound maachen? 

Den Bound wärt ab dem 22 Februar Online goen, an och dann kanns du den QR code réicht scannen.  Du hues bis den 15 Mäerz Zäit fir all Aufgaben ze erfëllen.

Wen kann alles matmaachen?

Dësen Bound kann ganz einfach vun Doheem aus gemaach ginn, oder awer och zesummen am Grupp, mee hei denkt drun déi aktuell Mesuren am Zesummenhang mat Covid-19 ze respektéieren. Dir kënnt natierlech och den Bound zesummen an enger Onlineversammlung maachen. Et gëtt keng Alterslimitt an jiddereen kann matmaachen!

Material wat gebraucht gëtt: 
  • Smartphone mat der App ‘Actionbound’ an Internetverbindung
  • Eng gliesen Fläsch oder een Glas mat engem Deckel
  • 2 Faarwen Glitzer, Sand oder Waasserfaarwen
  • Kaarten déis du hei fënns
  • Virlag op Säit 62

 

Mir wënschen vill Spaass,

International Ekipp