COVID-19 – International Recommandatioun

International Recommandatioun zum COVID-19 als PDF

 

Léif Cheftainen a Chef,

 

Am Kader vum Communiqué vum Verband zum Coronavirus (COVID-19) welle mir, Internationale Kommissariat vun den LGS, iech eng weider Berodung dozou gi.

 

Mir recommandéieren iech all är international Aktivitéiten/Campen am Ausland déi bis mett Abrëll geplangt si ofzesoen, respektiv ze probéieren déi op en spéideren Zaitpunkt ze verleeën.

Mir kréien am Moment vill Infoen iwwer eis international Relatiounen ewéi et mam Scoutismus am Ausland weider geet an do hu déi meescht änlech oder nach méi streng Mesuren ewéi bei eis am Land.

Och wann sech d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg sech dann normaliséiert, wësse mir net wéi se sech an den aneren Länner entwéckelt wäert an respektiv wat fir weider Mesuren do geholl ginn.

Mir encouragéieren iech weider Scoutsaktivitéiten vun doheem aus ze maachen. Hei e puer Optiounen déi Dir vun doheem aus och maache kënnt:

● Bei eisem World Thinking Day Challenge matmaachen! ( ! mellt iech ob ic.wosm@lgs.lu oder ic.wagggs@lgs.lu )
● Kniet Traineren
● En neien Rezept ausprobéieren fir den nächste Camp
● schéckt kodéiert Messagen un Är Frënn (z.bsp. Morse, asw.)
● E Scouts Buch liesen (z.bps Scouting for Boys, asw.)
● En Origami maachen
● Eppes Bastelen fir säin Scouts Home
● Gesellschaftsspiller spillen
● ….

« Keep the scout spirit high! »

Bei Froen kenn dir iech bei eis mellen!

Bleiwt all gesond,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Bruno Martins Nicole Bausch
IC WOSM IC WAGGGS