OPEN CALL: AGORA 2018 an Irland

Opruf fir en eemolegt Internationalt Rover-Event:

Mir sichen zwee motivéiert RaRo/jonk Chef fir op dëst europäescht Referenz-Event, d’LGS ze vertrieden.
Den AGORA 2018 ass an Irland vum 11. bis 15 Abrëll 2018.

D’Participatioun op dësen Event ass op d’Käschten vun der International Ekipp, also gratis fir d’Participant!

Méi Infoen iwwert den Event hei: Europäesch AGORA

Profil vun de Participants:

  • RaRo/jonk Chef am Alter tëscht 18 a 24 Joer
  • Proaktiv, enthusiastesch, a motivéiert sinn
  • oppe sinn fir nei Iddien an fir seng eegen Erfarungen ze deelen
  • kennen iwwer seng perséinlechen Erliefnisser schwätzen a dovunner Konklusiounen zeien
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen hunn

Umellen:

Bis den 24.02.2018 mat dengem Scouts CV op ic@lgs.lu