OPEN CALL: Path Leaders fir d’Centenary Paths um Roverway 2018

10 Leaders gesicht fir d’Rovers Centenary Pahts um Roverway 2018

Du wëlls de Roverway 2018 als Organisateur erliewen? Du bass bereet, e “Path” ze plangen a definéieren, fir 50 Rover um Roverway 2018 an Holland? Wann jo dann ass dëst eng flott Erausfuerderung fir dech.

2018 ginn 100 Joer Rover gefeiert. Ënnert dësen Thema siicht WOSM am Moment 10 Ekippe fir 10 Centenary Routen am nächste Summer zu Holland ze plangen!

Dëst ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir op en Roverway dobäi ze sinn. De Roverway versammelt eng 3000 Guiden a Scouten vun iwwer 20 Länner a gëtt organiséiert vun der “European Scout Region” vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) a Guiden (WAGGGS).

Et muss een sech bis den 15. Januar 2018 umellen!

Du bass interesséiert? Kontaktéier d’I-Ekipp. 😀

Méi Infoe fënns du hei: News