De Weltscout Ëmweltprogramm

Ënnert desem Text fann dir all wichteg Dokumenter a Formulären fir den WSEP. D’WSEP-Info an WSEP-Methoder a Zieler w.e.g liesen, an iech umellen ier dir den Programm ufänft.

Wat sinn d’Ziler?

De Weltscout Ëmweltprogramm (WSEP) offréiert Methoden, Ressourcen an Initiativë fir dass d’Scoute ronderëm d’Welt zesummen un enger verbesserter Natur an Ëmwelt, (lokal a global), schaffe kennen.

Dass d’Guiden a Scouten zesumme fir eng Welt schaffen an där:

  1. d’Leit an déi natierlech Systemer proppert Waasser an eng propper Loft zu Verfügung hunn. (Proppert Waasser a Loft)
  2. genuch natierlecht Ëmfält existéiert als Liewensfläch fir déi lokal Flora a Fauna (Eng Plaz fir all Planz an Déier)
  3. d’Unzuel un schiedleche Substanze fir de Mënsch an d’Ëmwelt minimiséiert ginn (Geforen duerch Gëftstoffer)
  4. déi als Bescht gëeegent Ëmweltpraktiken Uwendung fannen (Ökologesch Praktiken)
  5. d’Leit virbereet sinn op eng eventuell Naturkatastroph an d’Ëmweltrisiken (Naturkatastrophen an Ëmweltrisiken)

De Kader vum Weltscout Ëmweltprogramm an seng Badgë baséieren op de Prinzipien an den Zieler vum Scoutismus am Kader vun der Ëmwelterzéiung, eppes wat dem B.P. schon um Häerz loung. De Weltscout Ëmweltbadge steet all Guide a Scout vun all Alter zur Dispositioun an huert als Ziel fir d’Opmierksamkeet an perséinlech Responsabilitéit vis-à-vis vun der Ëmwelt vun de Guiden a Scouten auszebauen.

De Badge soll d’Guiden a Scouten encouragéiere fir sech mat der Ëmwelt ze verbannen, nozedenken ewéi mir besser mat, a méi am Sënn vun der Ëmwelt agéiere kennen a konkret Aktioune starte fir se ze schützen.

Method

Ee flotten a virun allem flexibele Programm dee fir Guiden a Scoute vun all Alter eng Unzuel u flotten an interaktiven Aktivitéiten ubitt fir iwwert d’Ëmwelt ze léieren, Aktioun ze huelen an herno mat der Remise vum “Weltscout Ëmweltbadge” ausgezeechent gëtt. Dës Aktivitéite kenne fräi vun der Chefekipp (oder der Trupp/Clan) am Kader vum Programm ausgeschafft ginn oder aus der Lëscht vu de fäerdegen Aktivitéiten erausgesicht ginn.

De Weltscout Ëmweltprogramm bei den LGS 

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten huet mam Weltscoutsverband (WOSM) een Konventioun ënnerschriwwe fir dass all d’Membere vun den LGS um Weltscout Ëmweltprogramm deelhuele kennen an dass mir als LGS d’Weltscout Ëmweltbadge un eis Membere verdeele kennen déi aktiv an der Branche um Programm am Kader vun der Ëmwelterzéiung deelgeholl hunn.

De Programm riicht sech virun allem un d’Branchë Wëllefcher bis CaraPio, kann awer ouni weideres, no Upassung vun der Chefekipp, och bei Biber an RaRo ugewannt ginn:

Et gi weltwäit déi selwecht dräi Badgen, esou ass de Badge eng weltwäit Unerkennung, an een Zeeche vu Progressioun duerch d’ganz Guide- a Scoutscarrière:

  1. Ëmweltbadge mat bloem Rand  =  (Biber a) Wëllefcher
  2. Ëmweltbadge mat gréngem Rand = AvEx
  3. Ëmweltbadge mat moofem Rand = CaraPio (a RaRo)
Badger WSEP

Ausserdeem gëtt et fir den Ëmweltbadge mat moofem Rand (CaraPio a RaRo) op Ufro beim SAFAB een Diplom deen déi gutt Aarbecht a de Projet am Ëmweltberäich mat der Ënnerschrëft vum Commissaire Générale beglaubegt. Wat interessant ass als Annexe fir un den CV.

Fir all déi dräi Altersgruppe vum Programm ginn et natierlech altersgerëscht Critèren an Aktivitéitsoploen. Déi Guide oder dee Scout dee Critèren erfëllt huet, also bei genuch Aktivitéiten derbäi war, kritt herno säi Weltscout Ëmweltbadge als Auszeechnung fir op seng Uniform, dëse gëtt op déi rietsen Aarm ënnert d’Fleurs de Lys an d’Kléiblatt gebitzt.

Zäitraum an Ëmsetzung

De Weltscout Ëmweltprogramm ass net eng kuerzfristeg Aktioun mä soll de normale Programm mat Aktivitéiten am Kader vun der Natur an Ëmwelt ënnerstëtzen an ausbauen. D’Chefmaîtrise déi sech entscheet dëse flotten an aktive Programm hire Memberen unzebidden, sollen op regelméisseger Basis Versammlungen, Sortien oder Weekender mat Aktivitéiten am Kader vum Weltscout Ëmweltprogramm am Beräich “Erliewen an Nodenken” an organiséieren (z.B. 1-2x am Trimester)

Ausserdeem soll ee Mol am Joer ee Komet, Expeditioun oder Entreprise mam Thema Ëmwelt gestart ginn, déi an d’Rubrik “Aktiv Hëllefen” vum Programm passt. Esou dass de Member am Kader vu sengem Zäit an der Branche den Ëmweltbadge och ka kréien.

Programm

De Programm besteet aus zwee Deeler, “Erliewen a Nodenken” an “Aktiv Hëllefen”.

1. Erliewen a Nodenken:

Bei dësen Aktivitéite geet et virun allem drëm d’Natur ze verstoen, d’Problemer vun der Verschmotzung méi nozebréngen an iewer Léisungen nozedenken. Mir beweegen eis hei ganz kloer am Kader vun der Ëmwelterzéiung, eppes wat de facto soll vum LGS Programm gehéieren. D’Maîtrise kann hei fäerdeg Aktivitéiten aus der Lëscht huelen an wann néideg iwwersetzen (d’Programmfichë sinn op Franséisch) oder eegen Aktivitéiten organiséiert. An dësem Kader kann dëst a Form vun Naturerfahrungsspiller, Ëmweltrallyen, Visiten an e Naturmusée oder Naturpark, eng Visite vun engem Waasserwierk oder Recyclingsanlagen, eng Diskussiounsronn oder Veillée zum Thema sinn. Et sief och bemierk dass den SAFAB um Neihaischen regelméisseg Naturerfahrungsaktivitéiten ubitt an dass am DZ eng Réi Spillkëschten an Bicher zum Thema zur Verfügung stinn. Ausserdeem kann een mat lokalen oder nationalen Naturschutzverbänn zesumme schaffen. Wichteg ass virun allem dass am Virfeld festgeluecht gëtt zu wat fir engem vun den fënnef Zieler d’Aktivitéit soll bäisteieren.

2. Aktiv Hëllefen:

Hei geet et drëms fir zesummen eng Aktivitéit auszeschaffen an auszeféieren déi am Kader vun engem Komet, Expeditioun oder Entreprise iwwert méi ewéi eng Versammlung leeft. Et geet dreems konkret eppes fir d’Ëmwelt ze maachen. Beispiller kennen eng Botzaktioun mat den Wëllefcher fir d’Gemeng oder enger Ëmweltorganisatioun sinn, op engem WE oder Auslandscamp een „Chantier Nature“ (Natur B.A.) ze starte wou een der lokaler Gemeng eng Faveur mëscht, Opklärung an der Gemeng ze maachen, säin Home méi Ëmweltgerecht ëmzebauen, etc. Wichteg ass hei och dass herno eng Evaluatioun gemaach gëtt (kuck och bei Progressioun). Et geet hei net drëms fir d’Welt ze rette mä een klengen Deel zur Verbesserung bäizedroen an eise Memberen eng gesont Relatioun zur Natur ze vermëttelen.

Dës solle via d’Fiche “WSEP – Aktiv Hëllefen” am Virfeld ugemellt gin an ee klenge Rapport (an engem Dokument) dono ausgefëllt ginn, flott Aktivitéite kennen och am Knuet publizéiert ginn (also Fotoe maachen)

Progressioun

D’Chef kënnen de Programm flexibel benotzen, et soll awer vun engem op den nächste Badge en Progressioun entstoen déi vun de klenge Problemer a Léisungen doheem zu engem méi globalen a vernetzen Denken an Handele féiere soll.

Bei “Erliewen an Nodenken”

(Biber a) Wëllefcher  AvEx  CaraPio (a RaRo)
Entdecken a Verstoen Verstoen an Erklären Erklären a Beweisen
Lokal Problematik Lokal Problematik am Globale Kontext Global Problematik

Bei Aktiv Hëllefen

(Biber a) Wëllefcher  AvEx  CaraPio (a RaRo) 
Eng Hand mat upaken En Charge iwwerhuelen a mat upaken Mat organiséieren a mat upaken
Dat direkt Notze vun der Aktioun op dPlatz evaluéieren Direkt lokaalt Notzen evaluéieren an an en globale Kader setze kënne Notze vun der Aktioun am Globale Kader kennen evaluéieren

Suivi

Ier een Grupp oder eng Branche vun engem Grupp beim Weltscout Ëmweltprogramm mat mëscht sollen si virdrun d’Fiche “WSEP – Umellung” ausfëllen an an d’Zentral un den SAFAB schécken.

Bei den “Aktiv Hëllefen” läit d’Responsabilitéit beim Chef fir d’Aktivitéiten am Kader vum Programm auszeféieren. No der Aktivitéit soll d’Fiche “WSEP – Suivi” ausgefëllt ginn, au Choix kann d’Branche och den Membere “Ëmweltbadge Kaarten” (SAFAB – mat der Umellung) ausdeelen an drop ënnerschreiwe wann eng Aktivitéit eriwwer ass.

D’Aktioun am Kader vun “Aktiv Hëllefen” gëtt mat enger Fiche “WESP – Activ Hëllefen” beim Verband ugemellt, dono gëtt den Rapport un de Verband vermailt. De Numm vun der Aktivitéit kennt op d’Ëmweltbadgekaart, fir déi di se benotze wëllen.

Badgë ginn et op Demande beim SAFAB (Zentral) nodeems een oder e pur Member vun engem Grupp seng Aktivitéiten no den Critèrë vum Weltscout Ëmweltbadge bei den LGS erfëllt huet. Fiche “WSEP –  Badge

Kontakt / Froen: wsep@lgs.lu Internet: lgs.lu

 

Critèrë fir den Weltscout Ëmweltbadge: 

(Biber a) Wëllefcher (bis 11 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll de Biber oder Wëllefchen un op mannst

1 Sortie an 3 Versammlungen

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll de Biber oder Wëllefchen un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Famillen oder dem Ruddel deelgeholl hunn, a mat bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

AvEx (11 bis 14 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll den Avex un op mannst

1 WE (oder 2 Sortien) an 3 Versammlungen

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll den AvEx un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Trupp deelgeholl hunn, bei der Virbereedung als Persoun oder an der Patrull eng kleng Charge iwwerholl hunn a bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

CaraPio (a RaRo) (> 15 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll den CaraPio oder RaRo un op mannst

1 WE (oder 2 Sortien) an 3 Versammlungen

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll de CaraPio oder RaRo un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Trupp/Clan deelgeholl hunn, bei der Virbereedung eng Charge iwwerholl hunn, a bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

Formulairen

WSEP – Info

WSEP – Method an Zieler

WSEP – Umellung (Formular)

WSEP – Ëmweltbadge Kaart

WSEP – Aktiv Hellefen (Formular)

WSEP – Badge (Formular)

WSEP – Suivi

Propositioun vun Aktivitéiten

A1 1F Sticky Leaves

A1 2F Water Exploring

A1 3F Life of a River

A2 1F Sense Nature

A2 2F Nature Art

A2 3F Creatures Conference

A3 1F Catch the Carbon Dioxide

A3 2F Food Chains and Chemicals

A3 3F My Carbon Footprint

A4 1F What have I done today

A4 2F Garbage Bag Challenge

A4 3F Quick Energy Debate

A5 1F What disaster am I

A5 2F Prepare for Disaster

A5 3F A Natural Disaster Story

Batelaktivität Papier schöpfen

Das Borkenkäferspiel

Das Eichenhörnchenspiel

Die Geräuschekarte

Die Waldrallye zum Thema Baum

Die Waldrallye

Landart- der Baum

Phantasiereise der Baum erzählt aus seinem Leben

Phantasiereise im Wald

Spiele basteln aus Materialien vom Baum

Spiele basteln aus Naturmaterialien

Toolkit Ein Erlebnistag im Wald

Toolkit ein Walderlebnistag zum Thema der Baum

WSEP BP Quotes F

WSEP Partnerships F